Invité:e vum Dag
Jean-Christophe Burkel a Gontran Poirot
6zero1 heescht deen neie sougenannten "incubateur pour entrepreneurs sociaux". D’Zil ass et, Betribsgrënner ze begleeden, déi ekonomesch Aktivitéiten hunn am sozialen, edukativen, kulturellen oder kreative Beräich. Dat zukünftegt Gesetz iwwert Entreprise mat gesellschaftleschem Impakt ass ee wichtegt Instrument, fir déi Aktivitéite virunzedreiwen.
Mam Jean-Christophe Burkel vun der ULESS (Union Luxembourgeoise de l'Economie Sociale et Solidaire) an dem Gontran Poirot vu 6zero1 diskutéiert d'Carole Schimmer iwwert déi nei Instrumenter.