arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Vincent Hein
Zanter 2005 si méi wéi 200.000 Leit an d'Land komm an 110.000 hu Lëtzebuerg verlooss. Dat huet d'Fondatioun Idea an enger Etude erausfonnt a sech d'Fro gestallt: kommen déi meescht fir nees ze goen?
Wat mécht de Standuert Lëtzebuerg attraktiv fir Auslänner a wie sinn déi Leit, déi an d'Land wunnen a schaffe kommen? Äntwerten op déi Froe ginn et vum Ekonomist Vincent Hein vun der Denkfabrick Idea am Gespréich mam Christian Welter.