Jiddereen huet sech alt emol moies an der Däischtert ugedoen an ass da méi spéit am Dag - méi oder manner diskreet - drop higewise ginn, datt e Stéck Gezei net esou gedroe gouf, wéi et am Fong geduecht war. Mee wéi eng Wierder gi gebraucht, fir dat ze maachen?
Den Alexandre Ecker geet op déi verschidden Aart a Weisen an, mat deenen ee kann ausdrécken, datt e Kleedungsstéck falsch ugedoe gouf.