Lyrik tëschent der Stëmm, der Performance a Musek.
Wat geschitt mat engem Gedicht, wann et d’Säit verléisst? Wann et geschwat, gelauschtert, performt oder mat Musek verbonne gëtt? E Gespréich mat Kënschler:innen aus verschiddene Beräicher iwwer d’Stëmm, de Klang, Méisproochegkeet, Kierper an de Publikum an iwwer dee Moment, wou d’Buch d’Säit verléisst.
Dëse Sonnde live an der Mesa ze Esch am Kader vum Poesie Plus Festival an der KUFA. Um 11 Auer.