Valibrairie
Live um Fest vum Buch
56 min
Fréijoer bedeit ze Beetebuerg net just Bléien a Blummen, mee och datt et Zäit ass, d‘Literatur ze feieren. Mir feiere mat, mat Invitéen aus der Welt vum Buch an dat live aus dem Kulturhaus ze Hënchereng am Kader vum Literaturfestival Literatour. Mir schwätze mam Pit Hoerold iwwer seng Literatur an de Prix Laurence, deen hie mat an d'Welt geruff huet. Mat der Corina Ciôcarlie gi mer op déi verluere Spuer vun enger réimescher Gëttin vun Diddeleng, d'Martine Schoellen weit eis an an d'Aarbecht vun Iwwersetzunge vu Kannerbicher an an de Jean Schoos kläert eis iwwer seng Begeeschterung fir Krimien ze schreiwen op. Moderatioun: Valerija Berdi a Michel Delage.
Presentéiert vum
- Valerija Berdi