De Pierre Joris ass de 27. Februar ze New York gestuerwen. Hei ze Lëtzebuerg war an ass hien net esou bekannt, wéi et u sech néideg a richteg wier. Als Student huet hie Lëtzebuerg verlooss an huet de gréissten Deel vu sengem Liewen an den USA verbruecht. Frankräich an Algerien waren Tëschestatiounen a sengem berufflechen a literareschem Liewen. De Literaturprofesser, deen de Paul Celan an Amerika bruecht huet, huet och heiansdo en Ofstiecher op Lëtzebuerg gemaach, ‘Enner anerem 2016 fir säin Theaterstéck The Agony of I.B. [= Ingeborg Bachmann] virzestellen oder 2020 de Batty Weber Präis fir säi Liewenswierk entgéint ze huelen.
Mir haten de Pierre Joris och bei eis a Gespréicher, an ech probéieren Iech haut e Portrait vun dësem villsäitegem, originellen an erfrëschendem Mënsch virzestellen.
Häerzlech wëllkomm an eiser Literaturemissioun, déi haut dem Nomad vun der Literatur dediéiert ass.