Valibrairie
Margret Steckel
63 min

1992 gewënnt si den Nationale Literaturconcours, 1997 gëtt hir de Prix Servais iwwerreecht fir hir Erzielung "Der Letzte vom Bayrischen Platz'" An dësem Wierk geet d’Margret Steckel op Berlin vun den 39er a 40er Joren, eng Stad, déi si gutt kennt, eng Zäit, déi hir Kandheet gepräägt huet.
Den historesche Kontext ass a ville vun hire Schrëften ze fannen, net fir d’lescht am Roman “Servais”, eng Saga iwwer d’Mierscher Servais-Famill.
Margret Steckel, Joergang 1934, huet den Faschismus an Zweete Weltkrich erlieft, ass an der Diktatur vun der DDR grouss ginn, fir dann iwwer Berlin a München, en Deel vun hirem Liewen an Irland, dann an England a schlussendlech zu Lëtzebuerg ze verbréngen.
Si ass Dolmetscherin an Iwwersetzerin, zanter 1962 schreift si Erzielungen. Bis elo huet si 16 Bicher publizéiert, an Däitschland, an zu Lëtzebuerg, bei Éditions Phi, bei Éditions Binsfeld an hir d'lescht Wierker koumi bei Capybarabooks eraus.
Presentateur
- Valerija Berdi
Episoden

Embarquez à bord du Belem
mat Fotograf Philippe Matsas gi mer op ee vun den eelsten Dräimasten
Déi wonnerbar VaLibrairie
E Gespréich mam Jean Portante a Bespriechunge vun neie Bicher vum Roland Meyer a Pierre Joris
Déi wonnerbar VaLibrairie
E Gespréich mam Jean Portante a Bespriechunge vun neie Bicher vum Roland Meyer a Pierre Joris
A:LL
Steet déi bosseg Ofkierzung fir en neit Zaubermëttel? An Zukunft sollen domat all Zäit d'Interessie vun de Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne méi konkret a konsequent vertruede ginn.
A:LL
Steet déi bosseg Ofkierzung fir en neit Zaubermëttel? An Zukunft sollen domat all Zäit d'Interessie vun de Lëtzebuerger Schrëftsteller:inne méi konkret a konsequent vertruede ginn.
De Servais-Präis 2023 - Mord, Korruptioun a gutt Literatur
Eng Episod, déi sech ronderëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître." dréit.
De Servais-Präis 2023 - Mord, Korruptioun a gutt Literatur
Eng Episod, déi sech ronderëm dem Jérôme Quiqueret säi Buch "Tout devait disparaître." dréit.

Hommage un d'Anise Koltz
Den 1. Mäerz 2023 huet eis d'Poetin Anise Koltz verlooss

Hommage un d'Anise Koltz
Den 1. Mäerz 2023 huet eis d'Poetin Anise Koltz verlooss
Renéee Wagener, Jean Portante a James Leader
"La littérature est la preuve que la vie ne suffit pas", seet de Jean Portante a sengem neie Roman "Une dernière fois, la Méditerranée". U sech ass domat alles gesot, oder awer net?

Diskussioune ronderëm d'Buch an all senge Formen
Réckbléck op d'Buchassisen a Bespriechung vu "Schnatt" vum Guy Rewenig an der Anthologie "This Hard Minett Land"
Diskussioune ronderëm d'Buch an all senge Formen
Réckbléck op d'Buchassisen a Bespriechung vu "Schnatt" vum Guy Rewenig an der Anthologie "This Hard Minett Land"
VaLibrairie live vun de Walfer Bicherdeeg
E komplexe Bléck op d'Aline Mayrisch
Mir begéinen zwou "Grandes Dames", der Aline Mayrisch an hierer Biografin Germaine Goetzinger.
E komplexe Bléck op d'Aline Mayrisch
Mir begéinen zwou "Grandes Dames", der Aline Mayrisch an hierer Biografin Germaine Goetzinger.

Literatur, déi reest ...
Literaresch Renconteren um Festival Etonnants voyageurs zu Saint-Malo