Valibrairie
Literatur hei an iwwer Grenzen eraus
57 min
E moderne Schelmeroman, en humoristeschen Abléck an d’Banneliewen vun der Europäescher Schoul an komplex Gedichter sinn d’Sujeten vun de Bicher déi d'Valerija Berdi an de Michel delage haut an eiser Literatursendung beschwätzen. Nieft de Bespriechunge vun: Goss vum Guy Rewenig (Editions Guy Binsfeld), Into Babel vum James Leader (Black Fountain Press) an Salztage + zurück vun der Carla Lucarelli ( Editions Phi), e Gespréich mam däitsche Schrëftsteller Marcel Beyer iwwer säi Wierk "Die tonlosen Stimmen beim Anblick der Toten auf den Straßen von Butscha" (Wallstein Verlag), iwwer dat de Georg-Büchner-Laureat am Institut Pierre Werner geschwat huet.
A sengem Wierk sinn zwee Texter an deenen hien sech literaresch mat der Berichterstattung vum Krich an der Ukrain ausernanersetzt an och Gemeinsamkeete fënnt mam Text "Petersburg unter Blockade" vum russeschen Auteur Viktor Schklowski aus em Joer 1921.
Presentéiert vum
- Valerija Berdi