arrow_back_ios

Physik ass relax

100komma7.lu / Physik ass relax

/ Science a Fiction : "Orbitals", an de Start vun der Artemis 2

Science a Fiction : "Orbitals", an de Start vun der Artemis 2

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

16 min

Wat ass "een" Dag op der Internationaler Raumstatioun ISS? D’Fro ass, wéi den Alldag do ofleeft. An dësem kuerze Roman léiere mir sechs fiktiv Mënsche kennen. Véier Männer an zwou Frae liewen e puer Méint laang op enkem Raum. D’Buch gëtt vill interessant a liicht verständlech wëssenschaftlech Detailer. Et ass awer vill méi. Et ass eng Introspektioun a méiglech Gedanken a Gefillswelte vu ganz ënnerschiddleche Mënschen, déi isoléiert Dausendmol ronderëm Äerd dréien. Duerch dat ganzt Buch zitt sech diskreet am Hannergrond d'Schicksal vun enger Famill op de Philippinnen.

Mat der Physikerin Carol Eicher, déi och haut nach emol op den erfollegräiche Start vun der Weltraumkapsel Artemis 2 zeréckkuckt, déi ënnerwee ass a Richtung Mound.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Science a Fiction:"The Andromeda Strain" an Aktuelles vun der Artemis 2 | © Rotten Tomatoes

Science a Fiction:"The Andromeda Strain" an Aktuelles vun der Artemis 2

All Awunner vun engem Duerf sinn dout ... ausser engem Puppelchen an engem eelere Mann, nodeems eng Weltraumkapsel lant! En 1969 Technothriller. Haut nach Science-Fiction?
headphones

16 min

play_arrow
Science a Fiction : "Orbitals", an de Start vun der Artemis 2 | © EPA Images

Science a Fiction : "Orbitals", an de Start vun der Artemis 2

Erlieft mat sechs Astronauten a Kosmonauten een Dag op der ISS. Realitéit a Fiktioun mëschen sech op 140 Säiten. Wëssenschaft a philosophesch Gedanken iwwerschneide sech.
headphones

16 min

play_arrow
De Mound, mat bloussem A, mat der Spektiv a mam Teleskop | © Bigstock

De Mound, mat bloussem A, mat der Spektiv a mam Teleskop

De Mound ze kucken ass faszinant!
headphones

11 min

play_arrow
Faszinatioun Mound: Hergé, Jules Verne | © Bigstock

Faszinatioun Mound: Hergé, Jules Verne

Mat “Bienvenue sur la Lune, Mr Armstrong!” begréisst den Tintin den Neil Armstrong. Science Fiction, Prophezeiung, Spekulatioun vun Hergé a Jules Verne
headphones

13 min

play_arrow
Artemis 2: zu Véier op enkem Raum ronderëm de Mound | © mikeshots / Bigstock

Artemis 2: zu Véier op enkem Raum ronderëm de Mound

Zéng Deeg op néng Kubikmeter zu Véier wunnen a schaffen.
headphones

16 min

play_arrow
Véier Astronauten waarden op hiren Start Richtung Mound | © Bigstock

Véier Astronauten waarden op hiren Start Richtung Mound

Firwat musse véier Astronaute vun der Artemis-2-Missioun erëm waarden? Wie sinn déi véier? Wéi hu si sech op dës geféierlech Missioun virbereet?
headphones

13 min

play_arrow
Eng Woch laang faaschten - Physik am Kierper | © Dr_Microbe

Eng Woch laang faaschten - Physik am Kierper

Wat geschitt an eisem Kierper, wa mir faaschten?
headphones

15 min

play_arrow
Firwat ass mäin Computerschierm esou stëbseg | © 196217629

Firwat ass mäin Computerschierm esou stëbseg

Wien huet sech net schonn iwwer de Stëbs op sengem Computerschierm geiergert! Stëbs ass iwwerall am Haus. Wat ass Stëbs? Firwat setzt e sech of?
headphones

13 min

play_arrow
Wat alles hanner dem Salze vu Stroossen am Wanter stécht | © Kristine Rad

Wat alles hanner dem Salze vu Stroossen am Wanter stécht

Physikalesch a cheemesch Virgäng
headphones

9 min

play_arrow
No 54 Joer sollten erëm Astronauten Richtung Mound starten | © tepic

No 54 Joer sollten erëm Astronauten Richtung Mound starten

Muer sollt et lass goen! D'ARTEMIS 2 mat véier Astronauten, sollt ronderëm de Mound fléien. D ‘Rees vun zéng Deeg, gouf verréckelt.
headphones

15 min

play_arrow
Energiehaushalt vum Mënsch

Energiehaushalt vum Mënsch

Wéivill Energie féieren ech mengem Kierper beim Iessen an Drénken zou, a wéivill verbrauchen ech der?
headphones

13 min

play_arrow
Curling an Äisstackschéissen: Prezisiounssport um Äis

Curling an Äisstackschéissen: Prezisiounssport um Äis

Glat geet et zou bei dësen ongewinnte Sportaarten, dem Curling an dem Äisstackschéissen. Prezisioun a Strategie si gefuerdert!
headphones

10 min

play_arrow
Iwwerliewenskënschtler ronderëm de Globus verdeelt: Pinguinen 2/2 | © Bigstock

Iwwerliewenskënschtler ronderëm de Globus verdeelt: Pinguinen 2/2

Extreem Konditioune verlaange besonnesch Fäegkeeten. Pinguinen hu sech u Polar- an Tropeklima adaptéiert. Dat läit un hirem Kierperbau an hirem Sozialverhalen.
headphones

13 min

play_arrow
Iwwerliewenskënschtler ronderëm de Globus verdeelt: Pinguinen 1/2 | © Bigstock

Iwwerliewenskënschtler ronderëm de Globus verdeelt: Pinguinen 1/2

Iwwerliewenskënschtler an den ënnerschiddlechste Géigende vun der Welt
headphones

9 min

play_arrow
De Stoppenzéier alias Tirebouchon

De Stoppenzéier alias Tirebouchon

Den Tirebouchon, e geniaalt Handwierksgeschier, an all Stot ze fannen.
headphones

12 min

play_arrow
Quantephysikerinnen: gréisstendeels ignoréiert oder net bekannt ... | © Bigstock

Quantephysikerinnen: gréisstendeels ignoréiert oder net bekannt ...

... sinn d'Bäiträg vu Fraen an den Naturwëssenschaften. Mir presentéiere kuerz véier vun hinnen, eng Drëps am Ozean.
headphones

14 min

play_arrow
De Kleesche kënnt: Spezielles am Dezember, Kuriéises, Spekulatives ... | © Bigstock

De Kleesche kënnt: Spezielles am Dezember, Kuriéises, Spekulatives ...

Loosst Iech iwwerrasche mat lëschtegem a skurrillem Physikaleschem am Mount Dezember.
headphones

12 min

play_arrow
D'Astrophysikerin Vera C. Rubin | © Bigstock

D'Astrophysikerin Vera C. Rubin

D'Vera Rubin war Pionéierin an der Etude vu Galaxien an Donkeler Matière.
headphones

13 min

play_arrow
Petanque, eng beléift Sportaart | © Bigstock

Petanque, eng beléift Sportaart

Eng Eisebull geheien, e banale Gest mat vill Physik dohannert.
headphones

13 min

play_arrow
Schweerelosegkeet

Schweerelosegkeet

Am Raum schwiewen, sech fräi beweegen, op der Kopp dréien, alles geet an der Schwéierlosegkeet. Wat bedeit dee Begrëff? Wou ass dat méiglech?
headphones

13 min

play_arrow