Firwat si Wëssenschaftler Gestengsprouwen op den Asteroid Bennu siche gaangen? Wéi eng Problemer gouf et dobäi? Erstaunleches koum an den Analysen eraus!
Wéi d’Sond OSIRIS Rex am September 2023 no 7 Joer laanger Missioun eng Kapsel mat Gestengsprouwe vum Asteroid Bennu an eis Atmosphär geschoss huet, waren d’Erwaardungen iwwer dat, wat een dora fanne géif, grouss. An déi goufe bei wäitem iwwertraff. Analysen hu Moleküllen, déi Basis vun all Liewen op der Äerd sinn, fonnt. Wat heescht dat? Wat net? Wéi gesäit de Bennu aus? Firwat war grad de Bennu Zil vun där Missioun a wou kennt den Numm hier? Firwat konnt d’Sond net um Asteroid landen, wéi et scho bei aneren Asteroiden de Fall war? Froen iwwer froen, déi d’Physikerin Carol Eicher beäntwert.