"Eng Fauschtreegel: wa méiglech dobanne bleiwen, wann den eegenen Schiet méi kleng ass, wéi ee selwer grouss ass".
Wéi de sëllegen Informatiounen iwwer UV-Index, Sonneschutzfaktor, Zuelen a Faarwen dat praktescht an néidegst einfach benotzen? Op wat muss opgepasst ginn? Wéi kommen déi Donnéeën zustanen? Mat héijen Temperaturen, déi ëmmer méi fréi am Joer optauchen an Ännerungen am Klima op der ganzer Welt, ass et wichteg gi wëssenschaftlech Observatioune vun der Atmosphär an der Sonnenastralung ze maachen an Donnéeën ze sammelen, aus deenen ee besser Prognose fir lokal Wiederkonditioune maache kann. Doduerch gëtt et méiglech Populatiounen op Wiederbedéngungen a Geforen opmierksam ze maache mat kloren an iwwersiichtleche Messagen. Dëst hëlt awer Responsabilitéit vum Eenzelen net ewech. Explikatioune vun der Physikerin Carol Eicher.