Virun dräi Joer koum de “Georgely” eraus - eng Sammlung vun 300 Lëtzebuerger Lidder mat Texter, Melodien a Begleet-Akkorden. Elo gëtt et en zweete Band, an deem de Georges Urwald op en Neits 300 Lidder zesummegedroen huet. Dës Kéier geet et allerdéngs net ëm Gesellegkeet, mee et ass eng Sammlung vu Lidder, déi politesch Messagen aus hirer Zäit verdäitlechen. De Georges Urwald war beim Maurice Molitor am Interview. A wien hätt geduecht, datt de Lëtzebuerger Lidder-Repertoire aus deene leschten 200 Joer esou grouss ass, datt mam zweete Band vum Georgely elo schonn insgesamt 600 Lëtzebuerger Lidder zesummekoumen?
arrow_back_ios
Opus Aktuell
De Georgely 2 mat politesche Lidder
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes