Den Arthur Stockel ass zënter 8 Joer Solo-Klarinettist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. Do spillt hien dann haaptsächlech de grousse sinfonesche Repertoire. Mee hien huet awer och eng grouss Leidenschaft fir den Jazz, déi hien a senger Studienzäit zu Paräis wärend der Pandemie ausgebaut huet.
De 4. Juni trëtt hie mat Frënn aus der Klassik an aus dem Jazz am CAPE zu Ettelbréck op. Och Uropféierunge si geplangt.