Pour la fin du temps ass den Titel vum nächste Concert vum Cellist Jean-Guihen Queyras, deen den 20. Mee um hallwer 8 an der Salle de Musique de Chambre vun der Philharmonie ass. Zesumme mam Jörg Widmann op der Klarinett, der Isabelle Faust op der Gei an dem Pierre-Laurent Aimard um Piano, gëtt ënner anerem dem Olivier Messiaen säi Quatuor pour la fin du temps opgefouert. D’Marie Trussart huet sech mam Cellist iwwer d'Wierk ënnerhalen, wat de Messiaen deemools a Nazigefaangenschaft komponéiert huet. Eng Zäit déi sech fir de Komponist dono ugefillt huet, als géing d'Welt ënnergoen. De Jean-Guihen Queyras mengt, d’Thema vum Weltënnergang wier awer eppes Universelles a fir d'Mënschen, och haut, nach relevant.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Wann engem seng Welt ënnergeet
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart