Et gëtt definitiv keng Bibliothéike voll, wann et ëm de Solorepertoire fir de Kontrabass geet. Mam Carl von Dittersdorf an dem Giovanni Bottesini si scho bal all d'Komponiste genannt, déi fir d'Instrument geschriwwen hunn. Zanter dem leschten Dënschdeg ass de Repertoire mam Carnet de voyage, engem Concerto fir Kontrabass vum Ivan Boumans ëm eng Kompositioun gewuess. .
D'Uropféierung war zu Schaan am Fürstentum Liechtenstein mam Sinfonieorchester Liechtenstein ënnert der Direktioun vum Sebastian Lang-Lessing. Solist war de Marc André. De Guy Engels huet sech op der Plaz kuerz virun der Première mam Kontrabassist a mam Komponist ënnerhalen.