Déi epesch Oper vum Giuseppe Verdi gëtt muer den Owend um 7:30 Auer am Groussen Theater opgeféiert. D’Lëtzebuerger Philharmoniker spillen ënner der Baguette vum Gaetano Lo Coco an dëser moderner Mise en scène vun “Nabucco”. Deen englesch-italieeneschen Dirigent Gaetano Lo Coco erkläert ënner anerem d'Ënnerscheeder mam Originalwierk. Mat op der Bün si Mënsche mat Migratiounshannergrond, Mënschen déi hir Heemecht verluer hunn. De Gaetano Lo Coco erkläert, firwat d’Geschicht vun Nabucco grad haut nach richteg relevant ass.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Nabucco am Groussen Theater
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Trussart