De Luxembourg Philharmonia, en Orchester mat motivéierte Fräizäitmuseker, huet zënter 30 Joer dee selwechten Dirigent: de Martin Elmquist. Dat gëtt an engem Jubiläumsconcert an der Philharmonie gefeiert, bei deem eng grouss spéitromantesch Sinfonie um Programm steet, déi nach ni hei am Grand-Duché erklongen ass. Als Solist wäert de jonke Pianist Johan Ferreira Perdigao, e fréiere Schüler aus dem Ettelbrécker Conservatoire, optrieden. De Martin Elmquist gëtt en Avant-Goût op dat, wat de Public de 26. Abrëll erwaart.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
E Jubiliäum, eng Première an zukünfteg Pläng
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
mic_none
Presentéiert vum
- Christophe Mirkes