"Ballet pour les amazones d’hier et d’aujourd’hui" heescht deen neie Ballet vun der Choreografin an Dänzerin Laura Arend. Doranner geet et net nëmmen ëm d'Amazonen aus der griichescher Mythologie, also dem Fraevollek, dat ganz ouni Männer gelieft huet. Et ginn och d'Frae vun haut geéiert, net just déi grouss Figuren aus dem Feminismus, mee och all d'Fraen allgemeng.
De 26. an de 27. Februar steet déi nei Kreatioun am Groussen Theater op der Affiche, mat enger Mëschung aus barocker an elektronescher Musek.