Den Alessandro Urbano ass Titulaire-Organist vun Diddeleng an organiséiert reegelméisseg Dial’Orgues, en Treffe fir Interesséierter, déi d’Instrument Uergel kenneléiere wëllen. Bei der Preparatioun vun engem Concert koum hien zesumme mat engem vun den Organisateuren op dës Iddi. Den Organisateur hat deemools d’Uergel nach ni vun esou no gesinn a war direkt begeeschtert. Wei den Alessandro Urbano him d’Eenzelheete vun der Uergel erkläert a virun allem gewisen huet, koum him d’Iddi: Hie wëllt de Leit dës deelweis mysteriéist Instrument méi no bréngen, an dat wuertwiertlech. All Joer wou hien dës Dial’Orgues bis elo organiséiert huet, huet hien sech en anere Kënschtler erausgesicht, op deen hie sech vun de Stécker an den Erklärungen dotëschent fokusséiert. Dëst Joer ass et um Franz Liszt.
arrow_back_ios
Opus Aktuell
Am Dial'Orgues d'Instrument kenneléieren
Lauschteren
play_arrow
headphones
3 min
mic_none
Presentéiert vum
- Moris Garzaro