“Sogno premonitore” heescht esouvill wéi een Dram, ee wouer gi soll. Et ass eng Kompositioun vun der Lëtzebuerger Komponistin Albena Petrovic. D’Musekerin, déi zu Sofia selwer gebuer gouf, koum 1996 op Lëtzebuerg an ass zënter elo 30 Joer ee feste Bestanddeel vun der Lëtzebuerger Klassikzeen. Iwwer 600 Wierker huet si bis ewell geschriwwen. “Sogno premunitore” ass een Optrag, dee si vum Bulgaresche Radio Sinfonieorchester krut.
Dës Musek ass an der Mediathéik vum Opus och ze héiere beim Concert vum 11. Januar 2026, deen de Remy Franck presentéiert huet.