arrow_back_ios

Opus Aktuell

100komma7.lu / Opus Aktuell

/ Concerte vum Echter'Classic Festival 2025

Concerte vum Echter'Classic Festival 2025

Lauschteren play_arrow
headphones

3 min

An der Mediathéik vum Opus kann een aktuell zwee Concerte lauschteren, déi am Oktober um Echter’Classic Festival 2025 opgeholl goufen. Dëst Joer goufen et um Festival vill verschidde Concertsformater an och vill jonk Museker ware mat dobäi. En Deel vun de Concerte ware Showcasen, bei deene méi originell an innovativ Artisten an Ensembele virgestallt ginn.

Op engem vun de Concerte gëtt et traditionell griichesch an zypriotesch Musek, mat der lëtzebuergesch-griichescher Mezzosopranistin Daphné Souvatzi, dem Flamenco-Gittarist François Ara a sengem Quartett.

De Lëtzebuerger Volet spillt beim Echter’Classic Festival ëmmer eng grouss Roll an 2025 war et wichteg ze weisen, wat fir Lëtzebuerger Museker:innen et an der klassescher Musekszeen ginn a wat si alles kënnen. Bei engem Concert héiert een dofir de jonken Cellist Matis Grisó zesumme mat Museker:inne vum OCL (Orchestre de Chambre du Luxembourg) mat engem ukrainesch-russesche Programm aus dem 19. an 20. Joerhonnert.

Een drëtte Concert leeft dann um 8 Auer haut den Owend (10.12.) um Opus, an do ass Lëtzebuerg och vertrueden. De Chouer vum Ensemble vocal du Luxembourg, kuerz EVL, trëtt do zesumme mam Orchester L’Arpa Festante vu München op, mat italieenescher Musek aus der Zäit vum Barock.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

De Gustavo Dudamel ass bei der WM-Halftimeshow dobäi

Fir déi grouss Halbzeitshow vun der Fussballweltmeeschterschaft e Sonndeg, wäert de Gustavo Dudamel nieft ville weidere Stare fir grouss Stëmmung suergen.
headphones

2 min

play_arrow

D'Fanfare Bouneweg ass a WM-Stëmmung

D’Fanfare vu Bouneweg ass dëst Joer op der Weltmeeschterschaft vun de Museken dobäi: Dem World Music Contest zu Kerkrade an Holland
headphones

3 min

play_arrow

En Dag voller Decouvertë mat Lucilin

De Projet Musique Plus huet dëst Joer nees d’Saison vum Ensembel United Intruments of Lucilin markéiert. E Sonndeg invitéiert Lucilin dann op d’Clôture vum Projet.
headphones

4 min

play_arrow

Luxembourg Clarinet Association a Südkorea

Fir Lëtzebuerg um weltwäit gréisste Klarinettekongress ze representéieren, huet sech eng Ekipp vu 6 Klarinettisten aus Lëtzebuerg op de laange Wee a Südkorea gemaach.
headphones

2 min

play_arrow

Prix Arts et Lettres geet 2026 un den Dirigent Pit Brosius

Zënter dem Joer 2008 gëtt et de Prix Arts et Lettres vum groussherzoglechen Institut, deen Talenter aus der Kulturzeen zu Lëtzebuerg auszeechent.
headphones

2 min

play_arrow

Spuenesch Barockmusek mam Ensembel Artemandoline

De Juan Carlos Muñoz gëtt en Abléck an deen neien Album vun Artemandoline.
headphones

4 min

play_arrow

A capella an de Summer eran

De leschte Concert vun der Maîtrise vun der Kathedral ass an engem besonnesche Kader.
headphones

3 min

play_arrow

Musek am Schlass, déi bei d’Kuliss passt

Den Initiateur vum Festival alter Musik zu Veianen, de Rosch Mirkes, erzielt wat de Public an dëser Editioun erwaart.
headphones

3 min

play_arrow

100 Joer Hans-Werner Henze - ee Portrait

Kann een tonal schreiwen an awer zäitgenëssesch komponéieren? Dës Fro spléckt d’Komponistewelt net nëmmen haut, mee zanter den Ufäng vun der Zwieleftoun- an der serieller Musek.
headphones

2 min

play_arrow

Déi nei Saison vum Orchestre de Chambre du Luxembourg

Den Orchestre de Chambre du Luxembourg, den OCL, huet viru Kuerzem de Saisonsprogramm 2026/2027 presentéiert. Eng Saison, déi ënner der Iwwerschrëft "Trompe l'oeil" steet.
headphones

5 min

play_arrow

Eng musikalesch Degustatioun

D'Cembalistin Anne-Catherine Bucher proposéiert e Concert mat klengen Häppercher aus dem englesche Barock.

100 Prozent Tschaikowski

Den Orchestre Place de l'Europe dediéiert de Programm vu sengem Concert den 28. Juni just engem Komponist.
headphones

4 min

play_arrow

E partizipative Gesangsweekend

D’Chorale Muinicpale Sängerbond Diekirch organiséiert e Gesangweekend mat Workshoppe fir jiddereen.
headphones

3 min

play_arrow

Den Dram als zentrale Gedanken

De Jean-Jacques Mailliet gëtt en Abléck an d'Kompositioun, déi hie fir Nationalfeierdag geschriwwen huet.
headphones

3 min

play_arrow

Déi 7. Symphonie vum Dmitri Schostakowitsch

Déi "Leningrader" Symphonie ass e Meeschterwierk u subtiler politescher Kritik.

De Georgely 2 mat politesche Lidder

300 Lidder, déi déi gesellschaftlech a politesch Lag vu Lëtzebuerg aus deenen leschten 200 Joer markéieren.
headphones

6 min

play_arrow

Another Light

De Chouer vun der Uni Lëtzebuerg séngt d'"Dichterliebe" vum Robert Schumann an engem Arrangement fir Chouer.
headphones

5 min

play_arrow

"Ech muss net Kolleeg mat him sinn"

Dat seet de Regisseur Jacques Schiltz iwwer de Richard Wagner, deem seng Biogaphie hien a Form vun engem Theaterstéck mat all senge Kontroverse presentéiert.
headphones

6 min

play_arrow

19. Juni: Live-Concert um Opus - Tëschent Idyll an Zerstéierung

Beethoven: Sinfonie Nr. 6 "Pastorale", Brett Dean: Pastoral Symphony, Pasquale Punzo: Archipelaghi insonni (Uropféierung)
headphones

4 min

play_arrow

"Skitter II" vum Hy-Khang Dang

Éischt Optragskompositioun vun der Luxembourg Philharmonic Academy gëtt uropgeféiert
headphones

5 min

play_arrow