E Sonnden de 7. Dezember spillt den Ensembel Ad Libitum e Concert ënner dem Titel Noëls Français. Um Programm stinn hei, wéi den Titel vum Concert et scho verréit, Wierker vu barocke Komponisten, déi all un d’Chrëschtzäit gebonne sinn. D’Kompositioune komme vum Marc-Antoine Charpentier, vum Michel Corrette a vum Michel-Richard Delalande.
Mee wéi mécht een dat, fir sech bei deem risege Chrëschtdags-Repertoire iwwerhaapt kënne fir ee Programm ze entscheeden? A wat sinn all déi kleng Besonneschkeeten, déi de Publikum wärend dësem Concert kann erliewen?