DAB+ (Digital Audio Broadcasting Plus) ass den internationale Standard fir den digitale Radio. Vun elo u gëtt et den DAB+ och zu Lëtzebuerg. Dëst erméiglecht eng méi eng grouss Offer u Radiosenderen a bitt e méi stabillen Empfang an eng besser Tounqualitéit wéi den FM. Grad fir déi Klassesch Musek ass den DAB+ domat eng gutt Optioun. Probéiert et aus!
Viraussetzung fir den Opus kënnen ze empfänke sinn en DAB+-fäegt Radiogerät (z. B. e Kicheradio, en digitale Wecker mat Radio-Funktioun oder och e klenge Radio mat Batterien) oder en Auto mat engem integréierten DAB+-Empfänger (zënter dem 21. Dezember 2020 ass an all neiem Auto an Europa en DAB+-Empfänger agebaut. Stellt Äret Gerät op den DAB+-Modus a sicht no de verfügbare Senderen. Wielt dann an der Lëscht den Opus 100,7 aus.
Keen DAB+? Kee Problem!
Erlieft Klassik iwwerall mat der App vum Opus, engem Internetradio oder mat engem Smartspeaker an entdeckt de vollen Emfang vun eiser Mediathéik. Do fannt Dir dee Concert, dee grad an Är Stëmmung passt, d’Live-Show Harmonesche Moien fir nozelauschteren, Podcasten an Interviewen a Gespréicher ronderëm déi klassesch Musek. Weider Informatiounen fannt Dir iwwer de Site www.opus.radio