Live-Concert um Radio 100,7 an opus 100,7 mam Titel "Musik an europäischen Höfen", vun 8 Auer owes un aus der Saarbrécker Congresshalle
Deen däitsche Geiist Frank Peter Zimmermann ass am Laf vu senger Karriär dacks zu Saarbrécken opgetrueden. Haut den Owend, 7.11., spillt hie fir d'éischt mat der Deutschen Radiophilharmonie Saarbrécken/Kaiserslautern, zënterdeems den Orchester de Josep Pons als Chefdirigent huet.
De Frank Peter Zimmermann ass de Solist am Geieconcerto vum Beethoven, deen hie scho méi wéi 300 Mol uechter d'Welt opgeféiert huet. D'Motivatioun huet awer net nogelooss, mee den Drang zur Perfektioun gëtt éischter nach méi staark. Dat mécht sech duerch onüblech Gewunnechte bemierkbar ...