4 Banjo-Spillerinnen, déi alleguer eenzel eng interessant Karriär hunn, d’Influenzen aus hiren eegene Kulture matbréngen: Amythyst Kiah, Allison Russell, Leyla McCalla a Rhiannon Giddens. Hiert gemeinsaamt Spill ass ze héieren um Album “Songs of our Native Daughters”.
Reflexioune vum englesche Singer-Songwriter Richard Dawson zum Theema verschwenderescht Konsumverhalen, bezeechent als "unwanted Xmas present”, héiere mir um Album “End of the Middle”.
Roots-Rock vum Feinsten entdecke mir um Jeremie Albino sengem Album “Our Time In The Sun”, en Disk, fir deen hien den Dan Auerbach, Gittarist a Sänger vun de Black Keys, an de Studio invitéiert huet.
Dem amerikanesche Blesmann Eric Bibb säi leschten Album “Ridin’” wandert duerch déi musikalesch Landschafte vum aktuellen Amerika, dat a Gesellschaft vu ville renomméierte Gaaschtinvitéen, dorënner den Habib Koité aus dem Mali.
Renconter tëschent de Kulturen, der westafrikanescher, der kreolescher: Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail sinn zesummen um Album “Nocturne” ze héieren.
Eng rar kleng Pärel ass der Gal Costa hiren Album “Índia”, e Chef d’oeuvre vun der post-tropicalia Musek! Si huet sech fir dësen Disk vun exceptionelle Museker begleede gelooss: Gilberto Gil, Arthur Verocaï, Rogério Duprat ... Hei fanne mir och déi original an nawell “hot” Pochette vum Album erëm, déi deemools 1973 vum Militärregimm verbuede gouf.
Playlist:
1. The Be Good Tanyas - Waiting Around to Die - Chinatown
2. Our Native Daughters - Slave Driver (feat. Rhiannon Giddens, Amythyst Kiah, Leyla McCalla & Allison Russell) - Songs of Our 3. Native Daughters
4. Richard Dawson - Boxing Day sales - End of the Middle
5. Tom Waits - Little Boy Blue - One from the Heart
6. Jeremie Albino - Dinner Bel - Our Time In The Sun
7. The Black Keys - Crawling Kingsnake - Delta Kream
8. Eric Bibb - Free (feat. Habib Koité) - Ridin’
9. Ali Baba - Kaya . Cissé - Lost in Mali
10. Ballaké Sissoko - Djourou (feat. Sona Jobarteh) - Djourou
11. Vincent Segal, David Walters, Ballaké Sissoko & Roger Raspail - Freedom - Nocturne
12. Gal Costa - Passarinho- Índia
13. Rogê - Vida Voa - Curyman II
14. Kings of Convenience - Fever - Peace Or Love