De Rodrigo Cuevas revitaliséiert déi asturesch Folktraditiounen op sengem aktuellen Album “Manual de Romería”. Seng Musek ass inspiréiert vun de Rhythmen an den traditionelle Gesangsformen aus dem Norde vu Spuenien, déi hie sech uneegent, andeems hie se moderniséiert mat enger uerdentlecher Portioun elektronescher Instrumentatioun an awer och enger uerdentlecher Dosis Courage …
De spuenesche Produzent Raül Refree war begeeschtert, wéi hien déi portugisesch Fado-Sängerin Lina zu Lissabon an engem Club sangen héieren huet. D’Resultat vu hirer Zesummenaarbecht ass carrement himmlesch! Et ass och de Raül Refree, deen “Tercer Cielo” vum Rocío Márquez & Bronquio produzéiert huet.
Den Album “Tercer Cielo” ass d’Resultat vun enger weiderer schéiner Zesummenaarbecht, an zwar tëschent enger vun de schéinste Flamenco-Stëmmen, där vum Rocío Márquez an dem Elektro-Univers vum Bronquio.
Nordic Jazz mat Triphop verbonnen héiert Dir vu Skjold & Peder um Album “Populus”, eng vun de villen Decouverten dës Kéier.
Playlist:
1. Rodrigo Cuevas - Matinada (Resaca) - Manual de Romería
2. Rodrigo Cuevas - Allá Arribita - Manual de Romería
3. Rodrigo Cuevas - BYPA (feat. A Filetta) - Manual de Romería
4. Lina_Raül Refree - Cuidei que tinha morrido - Lina_Raül Refree
5. Rocío Márquez & Bronquio - De Mí - Tercer Cielo
6. Adrian Quesada & Natalia Clavier - Tu Poder - Boleros Psicodélicos II
7. Maestro Espada, Raül Refree - Tres gotas de rocío - Maestro Espada
8. Hibjrnen - Wardruna
9. Skjold & Peder - Kærlighed På Klods - Populus
10. Nils Landgren & Johan Norberg - Fragile (Live) - Glatt & Verkehrt: Neue Welt - Das Lied bleibt (Live)
11. United Future Organization - World Thing
12. Arooj Aftab - Raat Ki Rani - Night Reign
13. Mo' Horizons - Foto Viva - Come Touch the Sun
14. Mo' Horizons - I Can't Sleep (feat. Noam Bar Azulay) - Mango