arrow_back_ios

One World

Open Mind

Lauschteren play_arrow
headphones

56 min

Open Mind

Museken aus Westafrika, der Tierkei, Griichenland, Polen, Kuba, Palästina an aus Spunien, an all hu se eppes gemeinsam: en oppene Geescht! (fir Influenze vu baussen)



Traditionell griichesch Rhythmen, Rebetiko, kombinéiert mat psychedelesche Rock an Elektronica héiere mir bei der Kristi Stassinopoulou an dem Stathis Kalyviotis.


E jonke Meeschter um Balafon ass de Kanazoé. Hien a säin Orchester entdecke mir um Album “Tolonso”, wou d’Dobet Gnahoré Sängerin vun der Côte d’Ivoire an Duechter vum Perkussionist Boni Gnahoré, Gaaschtinvité ass.


D’Rokia Traoré aus dem Mali lauschtere mir vun hirem éischten Album “Mouneïssa” aus dem Joer 1998. En Disk, dee mat der Ënnerstëtzung vum Ali Farka Touré, der Maison de la Culture d’Amiens an dem Label Bleu och an eise Géigende konnt verëffentlecht ginn. D’Joer virdru koum en am Mali eraus.


D’Touareg vun Tinariwen sinn derbäi mat hirem 8. Album “Amadjar”, op deem eng Rëtsch Gaaschtinvitéen ze héiere sinn. Amadjar bedeit op Tamashek souvill wéi de frieme Reesender. Den Album erzielt vum Gefill e Friemen a sengem eegene Land ze sinn.


“Carry the Earth” vum Trio Joubran zesumme mam Roger Waters vu Pink Floyd ass en engagéiert Lidd. De Grupp aus Palästina dediéiert et all deenen, déi fir hiert Land gestuerwe sinn, an am speziellen ass et eng Referenz un déi 4 jonk Cousinen, déi a Gaza ëmbruecht goufen. An och de Poet Mahmoud Darwish kënnt bei dësem Lidd zu Wuert.


D’Bridder Alejandro a Víctor Hernández sinn agetaucht an d’Traditioune vun hirer Heemecht Murcia fir eng eenzegaarteg Musek ze schafen, an där déi analog Synthien d’Kastagnetten an d’Laut begéinen. Den Duo nennt sech Maestro Espada, dréckt sech am lokalen Akzent aus an duerchwandert de Repertoire vun de Cuadrillas murcianas, dës traditionell Gruppe vu Murcia. Dëse Folklor gëtt net als eng Reliquie ugesinn, mee als Inspiratiounsquell. Immens inspiréiert an inspiréierend! Dem Produzent Raül Refree säin Touch spillt hei sécherlech eng ganz wichteg Roll …


Playlist:

1. Ignace de Souza & The Melody Aces - Asaw Fofor - African Scream Contest 2

2. Kristi Stassinopoulou & Stathis Kalyviotis - Ouden Oida - Rough Guide to Women of the World

3. Chłopcy Kontra Basia - The Supper - Brexit Blues

4. Kanazoé Orkestra - Djoroko (feat. Dobet Gnahoré) - Tolonso

5. Rokia Traoré - Laidu - Putumayo Presents African Café

6. Alfredo Rodriguez & Pedrito Martinez - Africa - Duologue

7. Tinariwen - Wartilla (feat. Warren Ellis & Stephen O'Malley) - Amadjar

8. Tinariwen - Iklam Dglour (feat. Warren Ellis & Rodolphe Burger) - Amadjar

9. Coşkun Karademir - Rüzgar - Öz

10. Le Trio Joubran - Carry the Earth (feat. Roger Waters) - The Long March

11. Maestro Espada - Carriles - Maestro Espada

12. Maestro Espada - Granaíco - Maestro Espada

Episoden

Welcome to the Garden of Eden (Jack White)

Decouverte vun engem exzellenten neie Rock-Track, eng Etapp a Brasilie vu gëschter a vun haut, eng engagéiert Artistin an e Rocker, deen och op Jazz steet.
headphones

55 min

play_arrow

Music from here and out there

Jazz an traditionell Museke matenee verbonnen, déi verschidde Kulturen tëschent Kabul a Bamako an engem Projet vereent an eng Fënster op de villsäitege Melting Pot vu Südfrankräich
headphones

57 min

play_arrow

Diversity

Traditioun erfrëschend interpretéiert, d’Elektro begéint der Musek aus West-Afrika, psychedelesche Rock aus dem Norden an akustesch Instrumenter déi den Job vum DJ iwwerhuelen.
headphones

56 min

play_arrow

Mixed Race (Tricky)

En éischten Album vun engem Schwäizer DJ, Musek aus Ghana, an e puer Lidder nei entdeckt!
headphones

57 min

play_arrow

Latino Revisited

Latino Rhythme mat ënnerschiddlechen Influenzen, d’Kläng vun den Touareg an e bësse karibesche Flair
headphones

56 min

play_arrow

A Day For The Hunter, A Day For The Prey (Rediff. vum 30.12.2019)

Äthiopesch an italieenesch Museker:innen am Austausch, déi räich Musekstraditioun vun Haiti, eng Collaboratioun tëschent Westafrika a Litauen an e bësse Voodoo
headphones

56 min

play_arrow

Global and Individual

Dancy Beats begéine latino an aner Aflëss, e perséinleche Songwriting aus Liberia an zwou Neiverëffentlechunge méi am Detail
headphones

56 min

play_arrow

Näischt Neies ënner der Sonn

E Retour an d'60er a 70er Jore mat e bësse Museksgeschicht, Filmmuseken a Spaghetti-Western-Feeling aus Japan
headphones

57 min

play_arrow

Mas Que Nada

Netverëffentlechungen, e bekannte Samba-Track mat engem Twist, eng ontypesch Gangsterfilm-Musek an en Ausflug an d’Tierkei
headphones

56 min

play_arrow

Alpentöne

Mir verbleiwen e bëssen an den Alpen an héiere wéi d’Welt vun de Bierger d’Artisten déi do liewen inspiréiert. Duerno maache mir eis op fir de Rescht vun der Welt …
headphones

56 min

play_arrow

Must I Evolve? (JARV IS…)

Rhythmen aus der Guadeloupe, Haiti an Äthiopien, Groove & Dancefloor . Vill “Hip Shaking” haut, mee och emol de Kapp gëtt ageschalt a sech gefrot “must I Evolve?”
headphones

56 min

play_arrow

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun

The Great Gig In the Sky

Venezuela, Martinique, Nigeria, Süd-Afrika, Nei-Zealand … sinn e puer Etappe vun der Emissioun
headphones

57 min

play_arrow

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.

Gently Disturbed

E feine Songwriting aus Liberia, d’Ierwe vum Desert Blues an déi vum Flamenco mat engem Museker, dee Grenze weider denkt.
headphones

57 min

play_arrow

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer

"The Outlaw Ocean" (Ian Urbina)

MotownInfluenzen, Jazz-Traditiounen, explizitte Songwriting an de Klang vun de mënschlechen Aventuren op de Weltmierer
headphones

56 min

play_arrow

"Be yourself; everyone else is already taken" - Oscar Wilde

Den Afrobeat a seng Ierwen, staark Wierder fir Mënschlechkeet a Solidaritéit an en Trio, deen d’Oueren zum Danze bréngt.
headphones

56 min

play_arrow

Quand une porte se ferme, une autre s’ouvre

De Klang vu Saigon an de 70er Joren, eng Diva aus Westafrika, Country a Singer-Songwriting, souwéi eng exzeptionell Collaboratioun tëschent Virtuosen
headphones

56 min

play_arrow

“Sans la musique, la vie serait une erreur” - Nietzsche

E puer Disken, déi an all gudder Kollektioun hir Plaz hunn, e bësse Blues, deen d’Séil beréiert an eng impressionnant Rees tëschent Indien a Frankräich
headphones

56 min

play_arrow