An der europäescher Debatt iwwer den Irankrich huet bis elo virun allem de spuenesche Premier Pedro Sanchez erausgestach. Hien hat déi amerikanesch-israeelesch Attacke besonnesch däitlech kritiséiert.
D’Presidentin vun der Europäescher Kommissioun, d’Ursula von der Leyen, huet dat wéi vill anerer net gemaach an hat e Méindeg duerch eng Ausso fir Diskussioune gesuergt.
Europa kéint net weider iwwer déi al Weltuerdnung waachen. Déi wier fort a kéim net erëm, esou d’Cheffin vun der Kommissioun.
Dës Ausso gouf hir als eng Zort Support fir dem Donald Trump seng Politik op der internationaler Tribün ausgeluecht. Zum Beispill e Mëttwoch am Europaparlament - wou d’Debatt iwwer de Krich am Iran och däitlech gemaach huet, wéi ënnerschiddlech dorop an der EU reagéiert gëtt.