An der EU gouf e Sonndeg den Owend op ville Plazen opgeotemt: Datt de Viktor Orbán an Ungarn no 16 Joer ofgewielt gouf, gouf zu Bréissel allgemeng ganz positiv opgeholl. Den ungaresche Premier blockéiert zanter Joren ëmmer nees Decisiounen op europäeschem Niveau - elo gëtt erwaart, datt eng méi konstruktiv Approche en vue ass. An Ungarn ass ëmgedréit d’Hoffnung grouss, datt Bréissel déi agefrueren EU-Suen ënner där neier Regierung geschwë fräischalt.
Wéi séier kann dann elo domat gerechent ginn, datt déi Blockagen op béide Säiten opgehuewe ginn? Explikatiounen vun eiser EU-Korrespondentin Danièle Weber