An der EU kënnt eng al Iddi nees op: Een Europa mat zwou Vitessen - gemengt ass, datt sech verschidde Länner zesummendinn an a bestëmmte Beräicher ouni de Rescht zesummeschaffen.
An den Traitéen ass dës sougenannte “coopération renforcée” virgesinn - et gouf awer meeschtens probéiert, dee Fall ze evitéieren. Mee, en vue vum ekonomeschen Drock, deen an der Lescht staark gewuess ass, schéngen elo verschidden EU-Länner prett ze sinn, op dee Wee ze goen. Lëtzebuerg kéint do de Kierzeren zéien.