Fir déi éischt Editioun vum Internationale Klarinette-Concours am Kader vum Klenge Maarnecher Festival hu sech ronn 80 jonk Klarinettiste gemellt.
An der Halleffinale mat 15 Leit huet den national an international unerkannte Jury elo entscheet, wien déi 3 jonk Finaliste sinn, déi muer géinteneen optrieden.
Et sinn de Quentin Chartier aus Frankräich, de Sang-Jin Park aus Südkorea, an den Nuno Baptista aus Portugal.
Den 11. Abrëll owes vu 7 Auer un iwwerdroe mir live d'Finall vum Concours aus dem Cube521 zu Maarnech.