Viru genee 20 Joer waren d’Pueri Cantores fir d’éischte Kéier op Tournée a Japan an elo geet et nach eemol dohin. Um Programm sti véier Statiounen: Hiroshima fir den 80. Gedenkdag un d’Atomkatastroph, Osaka an de Lëtzebuerger Pavillon vun der Weltausstellung, an da geet et nach op Kyoto an Tokio. An der Haaptstad sange si souguer fënnef Concerten op engem eenzegen Dag. D’Jonge vum Lëtzebuerger Bouwechouer aus dem Stater Conservatoire wäerten deelweis an Hotellen an deelweis bei Gaaschtfamille bleiwen, sou datt et eng richteg Entdeckungsrees fir déi tëschent 6 an 22 Joer al Jonge gëtt. Ee vun den Highlighte vun der Tournée ass, datt si ganz dacks de Bullet Train Shinkansen huelen. Dee fiert am 6-Minutten-Takt vun Hiroshima op Tokio, an do si schonn zwee Waggone fir si reservéiert. Op hire Concerte sange si net nëmmen traditionell Lëtzebuerger Lidder wéi d’Fräschelidd oder “Wéi meng Mamm nach huet gesponnen”, mee een Drëttel vum Programm ass op Japanesch. Am Gespréich mam Marie Schockmel verréit den Dirigent Pit Nimax ënner anerem, wéi d’Jongen déi japanesch Lidder geléiert hunn.
arrow_back_ios
Kultur
Ee Lëtzebuerger Bouwechouer op Japan Tournée
Lauschteren
play_arrow
Pueri Cantores (Foto: Pit Nimax)
headphones
14 min
mic_none
Presentéiert vum
- Marie Schockmel
Episoden
"Ce n'est pas mon affaire d'avoir un avis sur ce que j'écris"
Am Gespréich mat der Marie NDiaye
Referenzjuegd am Limbo: "Disappear Here" am TNL
Eng Theaterbespriechung iwwer d'Stéck vum Max Blom mat der Marie Jung, dem François Camus an dem Thomas Lea Clarke, dat den Ament am TNL leeft.
Net fir d'Kaz, mee fir den Hond: Am Gespréich mat der Catherine Elsen
D'Catherine Elsen verëffentlecht hiren éischten Album "Coward's Heart".
Devil My Cry
Eng animéiert Serie, an där et ëm de Kampf tëschent Dämonen a Mënsche geet.
Eng Sammlung vu lëtzebuergesche politesche Lidder
Deen 2. Band vun der Liddersammlung mam Titel "Georgely" ass e Sträifzuch duerch 200 Joer Lëtzebuerger Geschicht. De Georges Urwald huet d'Selektioun gemaach.
Die Spitz an der Escher Kufa
Die Spitz (dye zpitz) ass eng jonk Band aus dem Texas, déi am Hierscht hiren Debutalbum erausbruecht huet an dofir immens gutt Kriticken an der Press krut.
Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou
Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
"The Music is Black" am V and A East zu London
Datt et an der Ausstellung “The Music is Black: A British Story” politesch zougeet, ass ze erwaarden. Mee se daucht och a méi donkel Kapitele vun der brittescher Geschicht an.
Rotondes: Saison 2026/27
D'Rotondë ginn transforméiert. D’Presentatioun vun der Saison 2026/27 gouf gëschter an der grousser vun deenen zwou ofgehalen, déi no enger Auszäit elo erëm bespillbar ass.
Den Opwand hanner enger Edward-Steichen-Expo fir den MNAHA am Ausland
D’Iwwerleeungen, Synergien, d’Logistik bei “La nature d’Edward Steichen”
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn": de Jacques Schiltz iwwert "Wagner"
Am Gespréich mam Metteur en scène Jacques Schiltz
Nei am Kino
Am Gespréich mam Jeff Schinker stellt d'Emma Hizette d‘Filmer vir, déi muer an eise Kinoen ulafen.
De roude Fuedem (net) verluer: déi nei Spillzäit am Escher Theater
Am Gespréich mat der Carole Lorang
Der Filmredaktioun hire Filmtipp vun der Woch
Huet sech duuss duerchgesat: “A voix basse” vun der Leyla Bouzid
Den 1. September mécht Op der Lay seng Verlagsdieren zou
Eenzelfall oder déif strukturell Problemer am Lëtzebuerger Verlagswiesen?
Dem DJ Nosi säi viralen Hit
No Rap-Lidder wéi “Schëdden”, “Klengen Drénken” a “Marrakesch” huet dee 26-Järege sech an de leschte Joren als DJ a Produzent profiléiert.
"Locker Room Talk"
D’Theaterstéck am Mierscher Theater geet der Fro no, wat et haut bedeit männlech ze sinn, a wéi eng Wäerter a Virstellunge vu Männlechkeet Jugendlecher prägen.
Nuits en Or
Lëtzebuerg war direkt zweemol bei den Nuits en Or nominéiert, deem renomméierte Kurzfilm-Präis vun der Académie des Césars. De Max Tholl war fir eis gëschter dobäi.
D’Mudam-Collectioun zum Theema “Video Killed the Radio Star”
Déi geleckt Surface vun der Popkultur versus déi déif Bréch vun der Weltpolitik