
arrow_back_ios
Musek a Kultur
Musek a Kultur
/ Aircheck Sessions
Episoden


AEM
Live aus dem Studio 8: Déi jonk elektronesch Pop-Musekerin zerwéiert eng Portioun Vulnerabilitéit, Danzen an Däischtert.

ENGLBRT
ENGLBRT sinn de Sänger Georges Goerens an de Batteur Niels Engel. Si spille live bei eis am Studio 8 nei Songs.

Them Lights
Live aus dem Studio 8: Bün fräi fir Them Lights: op der Stëmm de Sacha Hanlet, an op der Batterie de Sergio Manique

The Aquatic Museum
D’Band bitt Musek tëschent de Genren. Jazz, Pop a Kammermusik verbanne sech zu enger ganz besonnescher Aart Chamber Pop.

Daniel Balthasar a Band
De Marc um Keyboard, de Schlapbe um Kontrabass an de Michel op den Drums. Begleet gi si vun engem Sträicherquartett mat zwou Geien, Braatsch a Cello live aus dem Studio 8

C’est Karma
Vun Hyper-Pop iwwer Fado bis zu Chanson. Déi Lëtzebuerger Musekerin verféiert eis an hirer Live-Performance an déi facettëräich Welt vun hirem neien Album.

Daniel Migliosi Quintet
Stellt Iech an eise Concertssall: Den Daniel Migliosi Quintet spillt eng Airchek-Session am Studio 8!

Francis of Delirium
De Parcours vum Trio ass gepräägt vun enger rarer Kombinatioun aus Éiergäiz an Éierlechkeet. Déi zwou Eegenschafte kommen zesummen an der Approche vun der Jana Bahrich, vis-à-vis vun hirer Musek wéi vun hirem Public.

Nea Lone
Deen neie Soloprojet vun der Lëtzebugerer Musekerin Nadja Prange live am Studio 8

Triana y Luca
Zesumme gi si op d‘Sich no hiren ibero-amerikanesche Wuerzelen. Triana y Luca – zwou Stëmmen, eng Gittar - invitéieren op eng folkloristesch a poetesch Rees, wou Migratioun, Natur a Léift openeentreffen.
