Dem klenge Mukami stinn d’Hoer zu Bierg an hie jäizt aus voller Strass! Ma kee Wonner, wann een op eemol e Gespenst an der Wäschmaschinn entdeckt… Leider wëll de Pit him dat net gleewen. Also bleift dem Mukami näischt anescht iwwreg, wéi d’Gespenstermissioun selwer an de Grapp ze huelen.
Pénktlech zu Halloween erlieft de Mukami eng spannend, turbulent a witzeg Gespenstergeschicht.