De Jos ass nees do. Dir kennt de Jos dach? Eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo hire Geschichten. Abee och fir de Jos ass elo Fuesvakanz, awer de Jos a seng Schwëster Nora fueren normalerweis net an d’Schivakanz.
Mee dat ännert sech dëst Joer, well si mat der Nonna an dem Bopa an d’Schwäiz an de Schnéi fueren. De Roby Robocat an dem Bopa Mario säi Kolleeg Lulu ginn och mat, an da gëtt et, dir kënnt iech et virstellen, ganz bestëmmt nees turbulent. Wat de Jos an déi ganz Crew elo am Haslital erliewen a wat et elo mat deem Tatzelwuerm op sech huet, dat gitt dir direkt an der Anja Di Bartolomeo hirer neier “Jos-Geschicht” gewuer. An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!