Léif Kanner, dir hutt de Mukami jo scho an e puer Geschichte kennegeléiert. Dat Déierchen, dat de Pit sech eng Kéier fir Chrëschtdag gewënscht huet, hien awer net richteg wosst, wat fir en Hausdéier hien iwwerhaapt wéilt, an erauskoum: de Mukami. Abee, et ass erëm Chrëschtdag an et ass Chrëschtvakanz, eng vun deene Vakanzen am Joer, déi de Pit am Fong am léifsten huet.
Et ass awer och dem Mukami säin éischte Chrëschtdag, zanter hie beim Pit ass, an dat soll e ganz besonnesche Chrëschtdag ginn, well de Pit a seng Famill net doheem bleiwen, mee an d’Bierger fueren. An d’Bierger? Awer de Mukami weess guer net, wat Bierger sinn! Maja, dir kënnt iech scho virstellen, datt do mam äerdege Mukami scho munneche Chaos virprogramméiert ass.
An elo vill Spaass beim Lauschteren. D’Kannerkëschtekipp wënscht iech eng schéi Chrëschtvakanz an och e glécklecht neit Joer 2026.