Et steet e ganz wichtege Concert vun de Lëtzebuerger Philharmoniker um Programm vun der Philharmonie. An natierlech ass fir dee Concert ganz vill a ganz äerdeg geprouft ginn an elo just ass d’Generalprouf op en Enn gaangen an d’Muesekerinnen an d’Museker maache sech fäerdeg a ginn dann heem. Hir Instrumenter loosse si awer an der Philharmonie bis zum Concert. A wéi d’Instrumenter bis eleng sinn, fänken Diskussiounen un. De Grond dofir ass, datt tëschent all de klassesche Blos-, Sträich- a Schloinstrumenter eng Oud steet, eng kleng arabesch Gittar.
Wéi wann dat net géif duergoen, kënnt och nach dobäi, datt d’Noute keng Loscht hunn déi ganz Nuecht sëtzen ze bleiwen. A scho fänkt den Duercherneen un a et kann ee gespaant sinn, ob fir de Concert nees alles an der Rei ass.
A wat elo alles geschitt, an ob d’Noute fir de Concert nees alleguerten um Blat sinn, dat gitt dir elo an der Geschicht “Eng Nuecht an der Philharmonie” vum Lëtzebuerger Auteur Olivier Garofalo gewuer. Vill Spaass iech alleguerten!