arrow_back_ios

Kannerkëscht

100komma7.lu / Kannerkëscht

/ De Rigoletto Vodoo-Zauber

De Rigoletto Vodoo-Zauber

Lauschteren play_arrow
on the headlines
headphones

24 min

Wärend der Kannerradionuecht haten d’Paule Rodesch an de Jean Claude Majerus déi aussergewéinlech Éier an enger Prouf vum Philharmoneschen Orchester derbäi ze sinn. Et war d’Prouf fir e ganz wichtegen a spezielle Concert mat Starbesetzung, an zwar mat der Dirigentin Alva Allegra an dem grousse Startenor Tullio Vibrato. Eis zwee Reporter waren immens opgereegt a si hunn och eng Héngerhaut kritt, wéi den Tullio Vibrato op d’Bün stolzéiert koum, fir déi berüümt Arie aus der Oper “Rigoletto” vum Giuseppe Verdi “La donna è mobile” zum Beschten ze ginn. Mee op emol huet ee komesch Geräischer héieren an dunn ass och eppes geschitt ... Mee wat ass da geschitt? Genee dat wäerte mir iech hei awer net verroden, dat gitt dir nämlech alles am Dan Tanson senger Geschicht “De Rigoletto Vodoo-Zauber” gewuer. A scho si mir matten dran ...

Episoden

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E06: Frënn fir ëmmer

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E06: Frënn fir ëmmer

Et fänkt un däischter ze ginn, an do steet openg Kéier eng Gestalt an der Dier... a néitscht.
headphones

9 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E05: D'Méck

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E05: D'Méck

E komescht Klappen un der Fënster léisstd'Tippy an de Pluto opschrecken. Ass do en neit Monster, dat an déi kleng Kummeram klengen Haus era wëll?
headphones

9 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E04: Zauberei

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E04: Zauberei

Eis zwee luusseg, muusseg Monstere kommen dem Geheimnis vum Derrick sengem Verschwannen ëmmer méi op d'Spuer. Si entdecken en neien Zaubersproch.
headphones

8 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E03: Eng Sträif Hackabullibräi

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E03: Eng Sträif Hackabullibräi

Um Buedem entdeckt d'Tippy Grimmelen, déi bei d'Dier féieren. De Pluto schmaacht eng Grimmel. Déi huet e Goût, deen si ganz gutt kennen. Villäicht huet den Derrick e Message hannerlooss, sou wéi beim Hänsel a Gréidel?
headphones

8 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E02: Den Derrick ass fort

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E02: Den Derrick ass fort

Mat frëschem Courage fillen sech eis luusseg, muusseg Monsteren nees besser, mee op eng Kéier mierken se, dass se just nach zu zwee sinn.
headphones

7 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E01: Grujeli

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S03E01: Grujeli

Eis dräi luusseg,muusseg Monstere wësse lo, dass et net sou einfach ass, e Mënsch richteg zeerféieren. Si liesen am grousse Monsterbuch, dass jiddereen e Grujeli huet asangen zesummen, fir sech Mutt ze maachen.
headphones

10 min

play_arrow
De Mukami zu Paräis

De Mukami zu Paräis

Elo dann eng nächst Etapp am Mukami sengem Liewen, de Pit a seng Mamm  maachen e Weekend zu Paräis an se huelen de Mukami mat an d’Stat vum Eiffeltuerm. Mengt der dat géif da riicht aus goen?
headphones

42 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E06: Leila

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E06: Leila

Endlech ass d'Leila do. Hat kënnt an d'Zëmmer, mee hat ass ganz anescht wéi d'Monsteren et sech et erwaart hunn.
headphones

8 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E05: D'Monstere kréie Besuch

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E05: D'Monstere kréie Besuch

D'Tippy, den Derrick an de Pluto kréie Besuch vun engem zottelege Wiesen, dat hinnen e Kaddo hannerléisst: en Dëppche Stoffi. Lo kann den Derrick en neit Hackabullibräis-Rezept ausprobéieren. Et gëtt nees gekacht.
headphones

7 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E04: Stëmmen

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S02E04: Stëmmen

Ënnen am klengen Haus am klengen Duerf beim Bopa héieren eis Monsteren ongewinnt Geräischer: e puer Stëmmen an ... souguer e Billen. Wat rumouert do?
headphones

5 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E03: D'Monsteren prouwen hiert Lidd

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E03: D'Monsteren prouwen hiert Lidd

D'Tippy, den Derrick an de Pluto prouwe weider a sangen hiert Lidd, well nëmmen duerch Sange sammele si den néidege Courage zesummen.
headphones

5 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E02: Luusseg, muusseg Monsteren am Himmel

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E02: Luusseg, muusseg Monsteren am Himmel

Den Derrick an d'Tippy sinn opgereegt an de Pluto weist hinnen, wéi se sech entspane kënnen. Si entdecken e puer luusseg, muusseg Monsteren am Himmel.
headphones

6 min

play_arrow
DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E01: Holzbuedemconcert

DräI luusseg, muusseg Monsteren - S02E01: Holzbuedemconcert

D'Tippy, den Derrick an de Pluto ginn nach eng Kéier alles duerch, wat ee muss kënnen, fir e richtegt, grujelegt Monster ze sinn. Si entdecken, datt een net ëmmer vill Kaméidi muss maachen.
headphones

8 min

play_arrow
De Jos an den Tatzelwuerm

De Jos an den Tatzelwuerm

Fir de Jos, eise léiwe Lausbouf ass elo Fuesvakanz. Normalerweis ginn hien a seng Schwëster Nora net an d'Schivakanz, mee dëst Joer fuere si mat der Nonna an dem Bopa an d'Schwäiz an de Schnéi.
headphones

55 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E06: Schnipp Schnapp!

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E06: Schnipp Schnapp!

Dem Derrick seng Stëbsallergie ass besonnesch schlëmm. Duerfir muss e geschuer ginn. Mee ass en elo iwwerhaapt nach e luussegt, muussegt Monster ouni wujelege Pelz?
headphones

7 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E05: Eng Strëmp

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E05: Eng Strëmp

Den Derrick fënnt eng eenzel Strëmp an déi dräi luusseg, muusseg Monsteren iwwerleeën, ob dat net vläicht e Portal fir an eng aner Welt kéint ginn. Vläicht ass dat hir Chance, fir an de Frigo ze kommen?
headphones

7 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E04: Et gëtt gekacht!

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E04: Et gëtt gekacht!

Den Derrick ass en exzellente Kach. Seng Spezialitéit ass Hakabullibräi à la Derrick. Domadder kann ee besonnesch gutt knätschen an et kritt een esou schéi brong, gréng a knalleg orange Zänn.
headphones

5 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E03: Dinosaurier

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E03: Dinosaurier

Viru ganz ville Jore gouf et och scho Monsteren. Déi hunn Dinosaurier geheescht an déi gëtt et net méi, well e grousse Steen op d'Äerd gefall ass. Mee se sinn elo zeréck komm fir eis kleng Monsteren ze erféieren?
headphones

8 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E02: Grujeleg

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E02: Grujeleg

Wat brauch een alles fir richteg grujeleg ze sinn? Et muss ee sech gutt virbereden. Dat ass kloer! Do ass keng Zäit, fir ze schlofen.
headphones

7 min

play_arrow
Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E01: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Dräi luusseg, muusseg Monsteren - S01E01: Dräi luusseg, muusseg Monsteren

Ënner dem grousse Bett am Bopa sengem klengen Zëmmer, uewen am klengen Haus wunnen dräi droleg Gestalten: den Derrick, de Pluto an d'Tippy. Si dreemen dovunner, engem Mënsch eng Kéier eng richteg Héngerhaut ze verpassen.
headphones

9 min

play_arrow