De Jos, eise léiwe Lausbouf aus der Anja Di Bartolomeo hire Geschichten, huet et endlech gepackt, déi grouss Vakanz huet ugefaangen an endlech kann hie méi laang schlofen a maache wat hie wëllt. Eraus spille goen, oder emol Tëlee kucken, oder och emol näischt maachen. Do huet de Jos sech déi Kéier awer geschnidden, well seng Mamm funkt dertëschent. An hien a seng Schwëster Nora kréie vun der Mamm d’Missioun, d’Gaardenhaischen, dat si sech schonn esou laang gewënscht hunn, opzeriichten. Mee dat, dir kënnt iech et virstellen, ass awer méi eng schwiereg Missioun. An um Enn sinn awer nees d’Nonna, de Bopa, de Lulu an de Roby Robocat mat am Spill.
An domat vill Freed mat der 100,7-Kannerkëscht!