Der Marie hier Boma kënnt op Besuch an dowéinst wëll hatt sech extra schéi maachen. Mee nom Schwammen huet hatt lauter Knetzelen a sengen Hoer. Wéi kritt hatt se nëmmen eraus?
"Marie an d'Knetzelwonner" ass eng Geschicht aus dem Buch “12 nei Gutt-Nuecht-Geschichten” vun der Sonja Bintener, erauskomm bei Éditions Phi. Illustréiert vun der Snejana Granatkina. Gelies vum Martine Anne Breisch a realiséiert vum Fränz Hausemer fir de radio 100,7.