Nujee, wéi a ville Famille gëtt de Jos och net ëmmer ganz gutt mat senger Schwëster, dem Nora eens. Do klaakt et emol heiansdo, mee och dat ass wéi bei jidderengem doheem.
An da si jo och nach de Bop an d'Nonna do, wou de Jos fir säi Liewe gär hi geet, well déi zwee einfach nëmme "cool" sinn.
De Jos ass am Fong ëmmer ganz frou mat Feierdeeg oder wann eppes ze feiere gëtt, dat hu mir scho mat erlieft mam Jos senge Geschicht mam Kleeschen oder mat Halloween oder Chrëschtdag.
Mee elo si mir awer bei engem Fest ukomm, dat de Jos nun iwwerhaapt net ka leiden. D'Fuesent. Jo, hien haasst d'Fuesent esouguer.
An doriwwer geet et elo an der Anja Di Bartolomeo hirer neier Geschicht: “Dem Jos säi krasse Fuesbal”.
An domat vill Freed fir iech an ärer Kannerkëscht.