Dëse prestigiéise Live Concert steet ganz am Zeeche vum 100. Gebuertsdag vum legendären Trompettist a Visionär Miles Davis. Opgeholl an der Royal Albert Hall, gëtt dem Miles Tribut gezollt duerch Kompositiounen aus dem Gershwin senger Oper Porgy & Bess, Original-Kompositioune vum Miles, oder aner Wierker déi hien onstierflech gemaach huet. Hie gëtt mat Bravour verkierpert duerch den Ambrose Akinmusire, a fir d'musikalesch Fierwung suergt eng Band mam Sam Harris, Kendrick Scott an Harish Raghavan, sou wéi de BBC Workshop Orchestra ënnert der Leedung vun der Miho Hazama, déi och d'Arrangementer gemaach huet.
Playlist: (Komponist - Kompositioun)
01. George Gershwin - Bess, you is my woman now
02. George Gershwin - Gone
03. George Gershwin - Summertime,
04. George Gershwin - I wants to stay here (I loves you Porgy)
05. Miles Davis/Miho Hazama - Little Variations on Boplicity
06. Miles Davis - Blue in Green
07. Joaquín Rodrigo - Concierto de Aranjuez