Julien Licheron 01.03.2018 - 07h32 Mam Chercheur um LISER maache mir d'Analys vun de Problemer um Lëtzebuerger Wunnengsmaart a schwätzen iwwert méiglech Léisunge vun der Wunnengsnout.
Roland Fox 28.02.2018 - 07h32 Mam Direkter vu Ponts & Chaussées geet Rieds iwwert déi geplangte Renovéierung a Moderniséierung vun de Pisten um Findel.
Roland Kuhn 27.02.2018 - 07h32 Wat sinn déi aktuell Problemer vum Bausecteur? D'Vue vum President vun der Lëtzebuerger Federatioun vun de Bauentreprisen.
Luc Caregari 26.02.2018 - 07h32 Well d'Regierung den Informatiounszougang fir Journalisten net regelt, mécht de Presserot eng eege Propos fir e Gesetz.
Roland Bastian 23.02.2018 - 07h32 Mam Head of Country Luxembourg vun Arcelor Mittal geet rieds iwwert d'Situatioun an d'Perspektive vun der Lëtzebuerger Stolindustrie.
Roberto Traversini 22.02.2018 - 07h32 Mir schwätze mam Député-Maire vun Déifferdeng an neie President vum Gemengesyndikat Pro-Sud.
Marion Zenner 21.02.2018 - 07h32 De Schengen-Lycée huet eng nei Direktesch. D'Marion Zenner schwätzt iwwert dat erfollegräicht pedagogescht Konzept vun der Däitsch-Lëtzebuerger Schoul.
Patrizia Thiry-Curzietti 20.02.2018 - 07h32 Burn-out am Finanzsecteur hëlt zou. D'Generaldirektesch an Doktesch vun der ASTF, der Association pour la santé au travail du secteur financier, erkläert.
Camille Thommes 19.02.2018 - 07h32 D'Lëtzebuerger Fongenindustrie huet d'lescht Joer e Wuesstem vu 17% gemaach. 4.000 Milliarden Euro Fonge ginn zu Lëtzebuerg geréiert. De Generaldirekter vun der Alfi, de Camille Thommes erkl
Jean Billa 16.02.2018 - 07h32 De Klierfer Lycée mécht beim Bildungsprogramm "Jidderee ka programméieren" vun Apple mat: mir schwätze mam Lycées-Direkter.
Christine Majerus 15.02.2018 - 07h32 No hirer véierter Plaz op der Cyclocross-WM a virum Optakt vun der Stroossesaison: Réck- an Ausbléck mat der Lëtzebuerger Top-Cyclistin.
Claire Sertznig 14.02.2018 - 07h32 Déi fir de Marketing zoustänneg nei Mataarbechterin vum Wäibau-Institut iwwert d'Ausschaffe vun enger neier Strategie.
Sibylla Mayer 13.02.2018 - 07h32 Mat der Soziologin geet Rieds iwwert dat neit Prostitutiounsgesetz an iwwert d'Roll vun der Schoul an der Zivilgesellschaft an där Thematik.
Martine Deprez, UGDA-Presidentin 12.02.2018 - 07h32 Mat der Presidentin vum Daachverband vun de Museksorganisatioune geet Rieds iwwert d'Zesummenaarbecht mat de Gemengen an d'Mutuelle.
Adrien Ney 09.02.2018 - 07h32 Mam Luxair-Generaldirekter geet rieds iwwert d'Aarbechtskonditioune beim Grupp an iwwert d'Erwaardunge fir 2018.
Romain Schneider 08.02.2018 - 07h32 Mam Sportminister schwätze mir iwwert d'Olympesch Wanterspiller an iwwert de Sport zu Lëtzebuerg.
Lydia Mutsch 07.02.2018 - 07h32 Mat der Gesondheetsministesch schwätze mir ënnert anerem iwwert de Spidolsplang, iwwert deen haut an der Chamber ofgestëmmt gëtt.
Franco Avena a Claire Geier-Courquin 06.02.2018 - 07h32 Den neie President vum Conseil national pour étrangers (CNE) an d'Vizepresidentin schwätzen iwwer den neien Ulaf vum Auslännerrot.
Félix Braz 05.02.2018 - 07h32 De Justizminister reagéiert op d'Kritiken um Burka-Gesetz a schwätzt iwwer de Stand vun den Aarbechten un der Scheedungs-Reform.
Pierre Mellina 02.02.2018 - 07h32 De Péitenger Buergermeeschter Pierre Mellina ass dee neie President vum TICE, dem interkommunale Syndikat fir den ëffentlechen Transport am Kanton Esch.