arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Eric Schauls
De Réckgang vu Biodiversitéit ass eng Gefor fir d'Liewensgrondlage weltwäit. Esou warnen déi méi wéi 550 Auteure vun engem Rapport zum Thema, dee leschte Mount vu Vertrieder vun de méi wéi 120 Memberstaate vun der Plattform fir Biodiversitéit an Eco-Systemer op enger Konferenz a Kolumbien ugeholl gouf. Fir Lëtzebuerg war den Eric Schauls bei dëser Konferenz dobäi. Hien ass ënner anerem zoustänneg fir de Volet Biodiversitéit am Nohaltegkeetsministère. D'Françoise Keller schwätzt mat him iwwer d'Konklusioune vum Rapport.