Den 1. Abrëll ass de Mois du Don vum Roude Kräiz offiziell ugelaf. An den nächste Wochen zéien nees Honnerte vu Benevoller vun Haus zu Haus, fir Spenden ze sammelen. Fir d'Croix Rouge ass déi Aktioun, déi et zënter 1945 gëtt, déi laang Zäit 14 Deeg an zënter e puer Joer elo e ganze Mount dauert, extrem wichteg. De Maurice Molitor ënnerhält sech doriwwer mam Marc Crochet, dem Directeur général adjoint vum Roude Kräiz.
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Marc Crochet
Episoden
Cindy Bauwens
D'Direktesch vun der Autorité Luxembourgeoise Indépendante de l'Audiovisuel (ALIA) iwwer déi nei Radiodiffusiouns-Technologie DAB+, déi geschwënn zu Lëtzebuerg lancéiert gëtt.

Marc Baum
Dee lénken Deputéierte Marc Baum ass eisen Invité, fir ënner anerem iwwer d'Spezialkommissioun Caritas ze schwätzen, grad wéi iwwer de Parteikongress vun déi Lénk.

Xavier Turquin
Mam nach neien Direkter vu Greenpeace Lëtzebuerg schwätze mir iwwer d'Klimabeweegung an dat rezent Urteel an den USA, dat fir Diskussioune suergt.

Monique Stirn
D'Generalinspektioun vun der Police huet d'lescht Joer däitlech méi Enquêtë géint Polizisten opgemaach, wéi nach 2023. Mir froen d'Cheffin vun der IGP, wourun et kéint leien.

Eric Thill
Dee fréiere Buergermeeschter vu Schieren ass net just Kultur- an delegéierten Tourismusminister, mee wëllt och Generalsekretär vun der DP ginn. Fir wéi eng Politik steet hien?

Leo Wagener
Nom Doud vum Poopst François stellt sech elo d’Fro: wat kann déi kathoulesch Kierch sech vu sengem Successeur erwaarden? Dat beschwätze mir mam Weibëschof.
Podcast-Tip: Chronologie vun der Caritas-Affär
Nei Serie am Zeenewiessel

Raymond Becker
D'Friddensplattform rifft muer (19.4.) zu hirem Ouschtermarsch op. Mee wéi sollen déi friddlech Léisunge fonnt ginn?

Philippe Jacob
De Lëtzebuerger Student bedeelegt sech reegelméisseg u Rettungsmissiounen un der Krichsfront an der Ukrain. Firwat mécht hien dat?

Jessie Thill
Mir froen d'Presidentin vum Observatoire de l’Environnement Naturel, firwat si déi geplangte Reform vum Naturschutzgesetz kritesch gesäit.

Tilly Metz
D'Europadeputéiert ass dës Woch mat enger Delegatioun vun deene Gréngen am Europaparlament an der Ukrain.

Charel Müller
Mir froen den neie President vun der Dëschtennisfederatioun, wéi hien no de Reiwereien an de leschte Méint nees Rou an d'FLTT wëllt bréngen.

André Hansen
E Sonndeg geet d'Weltausstellung zu Osaka a Japan op. Mir froen de Kommissär fir de Lëtzebuerger Pavillon, wat d'Visiteuren do erwaart.

Carole Hartmann
D'Députée-maire vun Iechternach wëllt Presidentin vun der DP ginn. Wat huet si mat der Partei wëlles?

Paul Nathan
Ass de Bausecteur mëttlerweil um Wee aus der Kris eraus? Mir froen de Vizepresident vun der Chambre des Métiers.

Sven Baltes
Den Invité vum Dag ass deen neien Direkter vun der Associatioun Jonk Entrepreneuren.

Christian Weis
Mir froen den Escher Buergermeeschter, wéi hie seng Gemeng wëllt prett maache fir 50.000 Awunner.

Patrick Goldschmidt
Am Gespréich mam Stater DP-Mobilitéitsschäffe geet et ëm d'Verkéierssituatiounen um Lampertsbierg an zu Gaasperech.

René Winkin
Mam Direkter vun der Industriellefederatioun Fedil schwätze mir ë. a. iwwer d'Stroftaxe vum US-President Trump.
