arrow_back_ios
100komma7.lu
Episoden
Prof. Uwe Jun
De Politikwëssenschaftler vun der Universitéit Tréier kommentéiert den Ausgang vun der Bundestagswal a schwätzt iwwer hir Konsequenzen.
Paul Schroeder
De Generaldirekter vum CGDIS iwwer den Héichwaasser-Asaz vu Mëtt Juli an déi anscheinend schlecht Stëmmung um 112.
Marc Fischbach
De President vun der COPAS reagéiert op déi nei Recommandatioune fir Alters- a Fleegeheemer a betreit Wunnstrukturen am Kontext COVID.
François Heisbourg
Déi nei Militärallianz AUKUS an déi nei bipolar Weltuerdnung sinn d'Theemen am Gespréich mat deem renomméierten Expert a geostrategesche Froen.
Paul Galles
Déi politesch Rentrée am Allgemengen an den Audit Superdreckskëscht am Spezielle sinn d'Themen am Gespréich mam Deputéierten a Vize-President vun der CSV.
Nora Back
Mir froen d'Presidentin vum onofhängege Gewerkschaftsbond, wat si sech fir d'Rentrée vun der Regierung erwaart.
Sam Tanson
Wéi eng Projete wëllt d'Justizministerin nach virun den nächste Walen ëmsetzen?
Dr. Jean-Paul Schwartz
Mir froen de Comitésmember vum Cercle des Médecins généralistes, wéi vill Leit sech bis elo bei hiren Hausdokteren impfe gelooss hunn.
Claude Meisch
Ben Gastauer
Den Tour de Luxembourg gëtt fir deen 33 Joer ale Schëfflenger déi lescht Course: e Réckbléck op seng 12 Joer laang Profis-Karriär.
Ernest Pirsch
Froen un den neie President vun der Handwierker-Federatioun
Tom Delles
Froen un den Direkter vun der Akerbauschoul, déi iwwer de Summer vun Ettelbréck an e fonkelneit Gebai op Gilsdref geplënnert ass.
Claude Bache
De President vun der Actioun Lëtzebuergesch iwwer d'Aarbecht vun der ASBL, déi sech zanter genee 50 Joer fir eis Sprooch asetzt.
Dr. Isabel de la Fuente
D'Pediaterin aus dem CHL, déi op Infektiounskrankheete bei Kanner spezialiséiert ass, iwwer déi neisten Erkenntnisser a Saache Kanner a Covid.