De Regierungsrot huet gëschter decidéiert, wéi eng Corona-Mesurë vun der Rentrée un an de Schoule solle gëllen. Den Educatiounsminister Claude Meisch an d'Gesondheetsministerin Paulette Lenert presentéieren den neien Dispositif sanitaire de Mëtteg op enger weiderer Pressekonferenz. Mir schwätze schonn de Moie mam President vun der nationaler Elterevertriedung Alain Massen iwwert déi méiglech Mesuren an de Schoulen.
De Serge Kesseler féiert duerch d'Gespréich.