Invité:e vum Dag
Dr. René Metz
Den Direkter vum Escher CHEM ass zanter sechs Méint am Amt. Hien ass net nëmmen zoustänneg fir d'Aktivitéite vum Spidol mat senge verschiddene Sitten, mee och fir de Projet Südspidol. Déi nei héichmodern Klinik, déi zu Esch soll gebaut ginn, ass nach net richteg an d'Gäng komm an huet d'lescht Woch e weidere grousse Réckschlag erlieft: de CHEM huet d'Kontrakter mam Architekt Albert Wimmer an deem sengem Konsortium gestoppt. Dem Betraffenen a senger Ekipp ginn Onzouverlässegkeet an Augenwischerei virgeheit. Wat geschitt elo, fir datt esou mann wéi méiglech Steiersue verluer ginn, a fir datt de bevëlkerungsräiche Süde séier een neit Spidol kritt? Dat freet d'Christiane Kleer de René Metz.