arrow_back_ios
100komma7.lu
100komma7.lu
/ Invité:e vum Dag
Episoden
Annick Sax & Guy Colas
Russesch Sportler därfen un den olympesche Spiller deelen huelen. D'Doktesch an de President vun der Lëtzebuerger ALAD kommentéieren déi Decisioun vum IOC.
Ferdy Adam
Mam Ferdy Adam vum Statec diskutéiere mer iwwert den Impakt vun der Steierreform ob d’Kafkraaft vun de Stéit an iwwert d’Konsequenze vum Brexit.
Fernand Etgen (DP)
Mam Landwirtschaftsminister geet Rieds iwwert d'Conclusioune vun den "assises agricoles".
Sam Tanson
Mat der éischter Schäffin (Déi Gréng) vun der Stad Lëtzebuerg geet et ëm de Bebauungsplang an ëm d'Mobilitéit.
Laurent Mosar
D'Situatioun an der Tierkei an de Kampf géint de radikalen Islam. Doriwwer geet Rieds mam CSV-Deputéierte Laurent Mosar.
Philip Crowther
Den Donald Trump soll zu Cleveland vun de Republikaner als hire Präsidentschaftskandidat nominéiert ginn. Eisen USA-Korrespondent ass op der Plaz.
Mona Guirsch
Mat der Generalsekretärin vun der Enseignantsgewerkschaft Feduse geet et iwwert d’Reform am Lycée
![Dirk Becker](/legacy/images/43070/image-thumb__43070__100x100_focus_thumbnail/Dirk%20Becker.984f70a3.jpg)
Dirk Becker
De Generalsekretär vun der Pilotenassociatioun ALPL fuerdert eng fair Konkurrenz am europäesche Loftverkéier.
Georges Mischo
De CSV-President vun der Lokalsektioun Esch schwätzt iwwert Kommunalpolitik an der Südgemeng.
![Laila Ben Allal](/legacy/images/42971/image-thumb__42971__100x100_focus_thumbnail/Laila%20Ben%20Allal.77d1e0d1.jpg)
Laila Ben Allal
Journalistin a Fotografin spézialiséiert an de Beräicher Dschihadismus an islameschen Extremismus
![Valérie Dupong](/legacy/images/42911/image-thumb__42911__100x100_focus_thumbnail/Val%C3%A9rie%20Dupong.fc0436bc.jpg)
Valérie Dupong
Spideeler an den nationale Laboratoire ënnerschreiwen e Kooperatiounsaccord mat der ALUPSE fir d'Preventioun vu Kannermësshandlung.
Edwige Chirouter
Um IFEN hunn d'Course fir déi zukünfteg Enseignante vum Wäerterunterrecht ugefaang. Eng vun de Formatricen ass d'Philosophin Edwige Chirouter.
Etienne Schneider
Mam Wirtschaftsminister schwätze mer iwwert Enterprisen, déi nom Brexit heihinner wëlle kommen, an iwwert de Nicolas Schmit, deen d'Regierung wëll verloossen.
![Henri Grün](/legacy/images/42716/image-thumb__42716__100x100_focus_thumbnail/Henri%20Gr%C3%BCn.fe57a72d.jpg)
Henri Grün
Zanter méi wéi engem véierels Joerhonnert assuréiert d'Asbl Omega 90 Trauer- a Stierfbegleedung zu Lëtzebuerg.
![Pol Urbany](/legacy/images/42662/image-thumb__42662__100x100_focus_thumbnail/Pol%20Urbany.ec9a199c.jpg)
Pol Urbany
"Datt de Geheimdéngscht déi lescht fënnef Joer Staatstrojaner benotzt huet, ass net legal", seet den Affekot am Gespréich mam Jean-Claude Franck
Guy Arendt
En nationale Kulturentwécklungsplang a méi Budget fir d'Kultur, dat ass d'Resultat vun de Kulturassisen. De Staatssekretär zitt e Bilan.
Josée Hansen & Christian Mosar
D'Land-Journalistin Josée Hansen an den 100,7-Kulturjournalist Christian Mosar diskutéieren iwwert d'Kulturassisen vun haut a muer.
Magali Paulus & Franz Fayot
D'Spriecherin vum "Collectif Tax Justice-Lëtzebuerg" an de LSAP-Deputéierte Franz Fayot diskutéieren d'Uerteel vum LuxLeaks-Prozess.
![Corinne Cahen](/legacy/images/1012/image-thumb__1012__100x100_focus_thumbnail/Corinne%20Cahen.7f4745e2.jpg)