Invité:e vum Dag
Valérie Dupong
18 min
Lëtzebuerger Spideeler an den nationale Laboratoire ënnerschreiwen e Kooperatiounsaccord mat der ALUPSE fir d'Preventioun am Fall vu Kannermësshandlung ze förderen. D'Zil ass et an de Klinike Famillen ze detektéieren, déi riskéieren hir Kanner ze maltraitéieren, fir se dono mat Hëllef vun der ALUPSE (Association pour la Prévention des Sévices à Enfants) z'encadréieren. D'Affekotin Valérie Dupong ass Vizepresidentin vun der ALUPSE. Si plädéiert fir dës Zesummenaarbecht, fir fréizäiteg kenne preventiv ze handelen oder Fäll vu Kandsmësshandlung opzedecken. D'carole Schimmer féiert duerch d'Gespréich.